Ecouter un extrait de l’émission

Extrait vun der Emissioun « Iwwert Land » RTL 100,7 engeristréiert zu Ruedemaacher am Dezember 1994.

RTL… : dat ewéi Ruedemaacher, eng Dausendjäreg oftbewegt Geschicht hannert sech huet, an haut « en plus » als « un des plus beaux villages de France » klasséiert ass, ass dat eppes extras ?

En Dame entfert : ‘T ass eppes extras esou laang déi al Persounen wu vum Duerf kennen, wu alles vum Duerf kennen, esou laang déi Leit liewen, an dass alles einfach bleift, esou ewéi et fréier war, dann ass et schéin, ganz schéin. Et muss natierlech e bësse geännert ginn, nët ? Wat mer soss haten ass nët méi dat Selwecht. Mir hu keen Dreck méi virun den Diren ewéi fréier, et ass kee Véi méi do, mee de Rescht muss esou bleiwen.

Déi Leit wu weil hei sins, déi Jonger wu nokommen, déi hu Ruedemaacher nët kannt ewéi et fréier war. Déi hunn d’Leit nët kannt ewéi se fréier waren a se kënnen och näischt méi héieren dervun. Déi Aler sinn nët méi do, déi meescht sinn nët méi do. Da kënnen se och nët schwätzen ewéi et soss zu Ruedemaacher war. Et ware vill Baueren hei am Duerf, an der Zäit. Et war dach vill Véi, et war vill Aarbecht, an d’Leit waren nët räich. An den Ënnerscheed vu weil ass : déi meescht Leit wëllen ee méi räich sinn ewéi deen Anneren. Si gi weil schaffen, se schaffen nët ewéi esou dobaussen ewéi fréier. ‘T ass vill einfacher, t’Liewen ass méi schéi wann ee wëllt, mee ‘t ass nët ‘t selwecht Eenheegkeet méi. ‘T ass jidderee fir sech. Dat ass de Probleem.